Iwwer mech
Mäin Numm ass Tom Birel, an ech sinn en Autosfotograf aus Lëtzebuerg. Meng Spezialisatioun op Autosfotografie koum ganz natierlech, et war ni wierklech eng aktiv Decisioun. Schonn säit Klengem sinn ech faszinéiert vun Autoen, an ech sinn ni wierklech aus dëser Leidenschaft eraus gewuess. Ech hunn als Teenager ugefaange mat Fotograféieren, an als aller éischt sinn ech mat menger Kamera an Autosgaragen, op Eventer an Ausstellungen gaangen.
Am Ufank hunn ech nëmmen e bëssen mat menger Kamera experimentéiert. D'Konscht an d'Handwierk vun der Fotografie hunn ech eréischt geléiert, wou ech Coursen beim Boris Loder, engem renomméierten Hochzäitsfotograf hei aus Lëtzebuerg, gemaach hunn. Hei hunn ech vill technesch Kenntnisser opgeholl an geléiert, d'Welt duerch d'Ae vun engem Fotograf ze gesinn. No deene Coursen hunn ech mäi Wëssen weider verdéift, bis ech dunn den Sprong vun Hobby op Deelzäitberuff gemaach hunn.
Wann Dir op der Sich no engem Hochzäitsfotograf sidd, dann kuckt bei PAPERSWAN Wedding Photography vum Boris Loder laanscht.