top of page
A menge Fotoshootingen ënnerscheeden ech tëscht Lightpainting Fotoen a Fotoen an natierlecher Luucht. Entdeck méi op dëser Säit.
Lightpainting Anker

Lightpainting

Ëm wat geet et ?

Lightpainting ass eng Fotografie-Technik, déi et erlaabt, gutt beliichte Fotoen am Däischteren ze maachen.  D'Kamera gëtt op engem Stativ installéiert an op Laangzäit-Beliichtung agestallt. Während der Opnam gëtt den Auto kënschtlech mat enger externer Luucht beliicht. Verschidde Fotoen ginn opgeholl an um Computer kombinéiert fir déi fäerdeg Foto ze kréien. Klickt hei vir een Beispillvideo.

Ferrari Roma, Lightpainting, Autosfotografie, Lëtzebuerg
VW Golf GTI, Lightpainting, Autosfotografie

Firwat am Däischteren ?

Duerch d'kënschtlech Beliichtung vum Auto am Däischteren stecht den Auto aus dem Hannergrond eraus an seng Linnen ginn ervirgehuewen. All d'Liichtverhältnisser kennen also präzis kontrolléiert ginn. Op Wonsch kann den Hannergrond souguer komplett onsiichtbar gemaach ginn, fir e Studio-änlechen Look ze kréien. En anere Virdeel vum Fotograféieren an der Nuecht sinn déi eidel Stroosse.

Wéi eng Location wielen ?

D'Location, wou d'Fotoen gemaach ginn, ass ganz wichteg. Ob en urbanen Kader oder en ländlecht Ëmfeld besser passt hänkt vun der Stëmmung of, déi een gären an den Fotoen erreechen well. Dat flott un der Autosfotografie ass datt et eng breet Palette un Locations gëtt fir d'Autoen an Szene ze setzen. Mat der Lightpainting-Technik kennen och ganz schéin Fotoen an Showrooms an Garagen gemaach ginn. Dëst ass ganz nëtzlech wann d'Autoen net eraus geholl kënne ginn wéinst schlechtem Wieder oder aneren Ëmstänn. 

Wéi gëtt esou eng Lightpainting Foto gemaach ?

Eng Lightpainting Foto gëtt aus ville verschiddene  Biller zesummegesat. Am Video ënnendrënner ass en Beispill.

Video Anker

Natierlech Luucht

Wéi ass "natierlech Luucht" ze interpretéieren ?

Eng Foto an natierlecher Luucht ass eng Foto, an där d'Beliichtung net kënschtlech manipuléiert gouf. Dës Fotoen stellen d'Szene genee sou duer wéi mir se mat eisen Aen gesinn. Mat natierlecher Luucht ass souwuel d'Sonneliicht  dobaussen wéi och all Zort Bannen-Beliichtung gemengt. 

Fiat 500F, Oldtimer, Réendrëpsen, Steierrad, Autosfotografie, Lëtzebuerg

A wann et reent ?

Och wann et méiglech ass, dobannen schéi Fotoen mat natierlecher Luucht ze maachen, erginn sech méi Méiglechkeeten, wann een den Auto eraus hëlt. An deem Moment ass een dann awer och dem Wieder ausgesat. Mir sinn eis wuel alleguer eens, dass et méi bequeem ass fir Fotoen an der Sonn ze maachen wéi am Reen. Allerdéngs heescht schlecht Wieder net onbedéngt schlecht Fotoen, eigentlech ass et ganz de Géigendeel. Bewölkt Konditiounen schafe méi mëll Schieter a Reflexiounen op der d'Karosserie vum Auto, a Reendrëpsen suergen vir eng méi dramatesch Atmosphär an de Fotoen.

Natural Light Anker

Statesch oder dynamesch ?

Nieft statesche Biller wou den Auto geparkt ass, kann een och Fotoen beim Fueren maachen. Fir den Auto a Beweegung ze weisen, ass et wichteg, eng méi lues Verschlosszäit ze benotzen. Sou gëtt eng Beweegungsonschärft ronderëm den Auto kreéiert. Am Endeffekt ass nëmmen den Auto schaarf an alles ronderem ass onschaarf.

Lamborghini Aventador S Roadster, Beweegungsonschärft, Panning shots, Autosfotografie
Wëll Dir méi gesinn?
Entdeckt meng Print Offeren oder kuckt Iech mäin Portfolio un.
bottom of page